Zënter Enn d‘lescht Joer sollen israeelesch Zaldoten ënner anerem Haiser beschlagnaamt an zerstéiert, an Ziviliste willkürlech festgeholl an an Israel bruecht hunn, esou d‘Organisatioun an engem Rapport.
Human Rights Watch baséiert sech dofir op Interviewe mat Awunner, Bildmaterial a Satellittebiller.
D‘Aktivitéite sollen d‘Bierger:inne vun Israel schützen, esou d‘israeelesch Arméi.
Zënter dem Fall vum Assad-Regimm huet Israel seng Ugrëff op Syrien däitlech ausgeweit an ënner anerem Truppen an d‘Pufferzon geschéckt. D‘Zon ass entmilitariséiert a gëtt vun de Vereenten Natioune kontrolléiert.