Radioen

On air

Palatino FM  |  Palatino FM

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Grenzkontrolle wéinst der EM respektéieren net den Accord tëschent Lëtzebuerg an Däitschland

Lëtzebuerg-Däitschland

Grenzkontrolle wéinst der EM respektéieren net den Accord tëschent Lëtzebuerg an Däitschland

D’Grenzkontrollen, déi wärend der Europameeschterschaft och op der Däitsch-Lëtzebuerger Grenz duerchgefouert ginn, provozéiere vill Stau. Den Inneminister Léon Gloden huet gëschter mat senger Däitscher Homologin Nancy Faeser driwwer diskutéiert. Den Accord, deen am Mee ofgemaach gi war, wier nämlech net respektéiert ginn.

auto_stories

1 min

Deen huet virgesinn datt d’Kontrollen net op der Bréck sollen duerchgefouert ginn, mee am Hannerland. Och sollten nëmme Stéchprouwe gemaach gi fir ze verhënneren, datt d’Grenzgänger am Stau solle stoen.

D’Nancy Faeser huet dem Léon Gloden elo garantéiert datt den Accord soll respektéiert ginn. Si géif den zoustännege Servicer kloer Instruktiounen dozou ginn.