Agefouert gëtt eng europäesch Kaart fir Leit mat Behënnerungen an eng extra europäesch Parkingkaart, déi Accès op speziell gekennzeechent Parkplaze gëtt. Béid Kaarte solle souwuel physesch ewéi och digital vun den nationalen Autoritéiten offréiert ginn.
D’Kaarten sinn nëmme fir kuerz Openthalter am europäeschen Ausland gülteg, mat der Ausnam vu Leit, déi fir bei engem Austauschprogramm wéi den Erasmus matmaachen.
Martine Kemp: Een éischte Schrëtt
Déi europäesch Kaart garantéiert déi nämmlecht Konditioune wéi beispillsweis reduzéiert Entréesbilljeeën oder Prioritéite beim Accès, ewéi fir Leit mat nationale Behënnerten-Permisen. Ee Recht op sozial Ënnerstëtzung oder op eng ugepasste Wunneng am EU-Ausland muss awer weider extra ugefrot ginn.
Et ass trotzdeem ee wichtegen éischte Schrëtt, seet d’CSV-Europadeputéiert Martine Kemp.
"Et betrëfft elo an engem éischte Schrëtt ganz vill den ëffentleche Verkéier, Muséeën a soss Fräizäitméiglechkeeten an aneren europäesche Länner. An awer musse mir iergendwou ufänken an een éischte Schrëtt goen, fir datt déi Leit, déi Beanträchtegungen hunn, fir datt déi et méi einfach kréien, och an aneren EU-Länner."
Tilly Metz: Eng verpasste Chance
Ee wichtege Schratt jo, mee och eng verpasste Chance, kritiséiert iwwerdeems d’Tilly Metz, Europadeputéiert vun deene gréngen. Leit mat Behënnerung géifen doduerch nawell net déi nämmlecht Fräiheete kréien, déi aner EU-Bierger genéissen.
"D’Diskriminatioun bleift bestoen: Leit ouni Beanträchtegung kënne sech fräi an Europa beweegen. Leit mat enger Beanträchtegung kënnen dat net, well se déi sozial Ënnerstëtzung an engem aner Land net kréien, well se dann als éischt duerch déi ganz Prozedur musse goen. Dat hätt ee kéinten änneren."
D’Memberstaaten wollten net op dee Wee goen. Si mussen dësen Text nach formell unhuelen, éier en dann an de 27 Länner a Kraaft triede kann.
An Zesummenaarbecht mat Euranet Plus, deem gréissten europäesche Radio-Reseau fir EU-Aktualitéit.