Radioen

On air

9 bis 1  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Gréisste Gefaangenenaustausch zanter dem Kale Krich

Méi Länner dru bedeelegt

Gréisste Gefaangenenaustausch zanter dem Kale Krich

Nom Prisonéieraustausch tëschent Russland an dem Weste sinn déi 26 fräigeloosse Prisonéier an hir Heemechtslänner zeréck gereest.

auto_stories

1 min

Foto: Bildnachweis picture alliance/dpa | Thomas Frey

Dorënner den amerikanesche Wallstreet Journal Journalist Evan Gershkovich an aner US-Amerikaner. Si sinn de Moien op enger Militär-Base am US-Staat Maryland gelant, wou si vum President Joe Biden an der Vize-Presidentin Kamala Harris empfaange goufen. Do virdru war schonn e Fliger mat Fräigeloossenen an Däitschland um Flughafe Köln/Bonn gelant. Ënner hinne fënnef Däitscher, déi perséinlech vum Kanzler Olaf Scholz empfaange goufen. Fräigelooss gouf am Kader vun dësem Austausch och de russeschen Optragsmärder Vadim Krassikow, deen an Däitschland wéinst Mord am Prisong souz.