Hënt wieren do iwwer 200 Tonne Jelliskäpp opgetaucht, wéi de Bedreiwer EDF matdeelt.
Dowéinst hätte missten zwee vun de sechs Reakteren aus Sécherheetsgrënn komplett gestoppt ginn, am gréisste franséischen Atomkraaftwierk.
D‘Jelliskäpp wieren an de Filtersystemer opgetaucht, déi mat Mierwaasser bedriwwe ginn.
Scho virun enger gudder Woch hate massiv Quallesammlungen de Fonctionnement vum franséischen Atomkraaftwierk duerchernee bruecht.
De Moment fonctionéiert dowéinst kee vun de sechs Reakteren normal. D‘Ursaache vum Phenomen sinn nach net bekannt.