D'Pompjeeë waren no 22 Auer gëschter Owend op d'Plaz geruff ginn. Eng Lagerhal hätt komplett a Flame gestanen. Um Enn waren eng 60 Pompjeeën aus 7 Zenteren am Asaz. Si hätte verhënnere kënnen, datt d'Feier op aner Halen iwwergaangen ass. Et wier och kee blesséiert ginn, esou de CGDIS.
Géint hallwer 12 war d'Feier geläscht. Op der Plaz waren ënner anerem och Spezialiste vum Protektiounsgrupp géint biologesch a cheemesch Geforen. Analysen hätten erwisen, datt et zu kengem Ament e Risiko fir d'Populatioun gouf, esou nach de CGDIS.