23 Gefierer, dovunner 3 Motorrieder goufe bei den techneschen Atelier vun der Police zu Hamm gefouert.
Ënner anerem Experte vun der Kontrollstatioun SNCA hunn d’Gefier do iwwerpréift.
Een Auto huet missten op der Plaz stoe gelooss ginn, 3 aner Gefierer goufen ofgeschleeft a fir 10 Chauffere gëtt et d’Obligatioun de Won nees an d’Rei ze setzen an der Police d’Reparaturen ze weisen.