An deem Avis iwwer déi legal Responsabilitéit vu Staate fir d'Äerderwäermung ze bekämpfen hat dat héchste Geriicht vun de Vereenten Natioune festgehalen: Eng propper, gesond an nohalteg Ëmwelt wier e Mënscherecht. Dat géif de Wee fräimaache fir juristesch Aktioune géint Staaten, déi hir Klimaschutz-Flichten net erfëllen, schreift Greenpeace Lëtzebuerg an engem Communiqué.
Mir hunn d'Altynaï Bidaubayle vun der Ëmwelt-ONG gefrot, ob esou eng Klo denkbar ass, nodeems den internationale Geriichtshaff e richtungsweisenden Avis zum Thema virgeluecht huet.