Radioen

On air

Concert  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Greenpeace fuerdert Ofleenung vun all Finanzéierungsprojet fir Atomenergie

Greenpeace

Greenpeace fuerdert Ofleenung vun all Finanzéierungsprojet fir Atomenergie

D‘Finanzéierung vun neien Atomkraftprojeten ass dacks mat héije wirtschaftleche Risike verbonnen. Dat ergëtt eng nei Etüd, déi Greenpeace an Optrag ginn huet am Virfeld vun der Generalversammlung vun der Europäescher Investitiounsbank den 21. Juni.

auto_stories

1 min

Deemno misst de Staat ëmmer rëm asprangen, fir Finanzéierungsproblemer vun Atomenergieprojeten ze léisen. Fir d‘Steierzueler wier Atomenergie ee Lach ouni Buedem, behaapt de Roger Spautz vu Greenpeace an engem Communiqué. Dacks wieren Atomprojeten immens onzouverlässeg, wéinst ënnert anerem onkontrolléierten Präishaussen.

Greenpeace fuerdert dofir d‘EU-Finanzministeren dozou op, all Finanzéierungsprojeten vun Atomenergie ofzeleenen.

Op der Generalversammlung vun der Europäescher Investitiounsbank den 21. Juni soll d‘Ënnerstëtzung vun der Atomenergie dann nach eemol diskutéiert ginn.