arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Greenpeace: EU-Klimaziler ginn net wäit genuch

Am Kampf géint de Klimawandel

|
reading time

2 min

Greenpeace: EU-Klimaziler ginn net wäit genuch

Virgesinn ass, datt d’Zäregasen-Emissiounen an der EU bis 2040 am Verglach mat 1990 ëm 90 Prozent erofgedréckt ginn. Fir dat ze erreechen, sinn awer verschidde Flexibilitéite virgesinn. An doru stéisst d’Ëmweltorganisatioune sech.

reading time

2 min

CO2 Emissiounen | © Unsplash / Marcin Jozwiak
CO2 Emissiounen (Foto: Unsplash / Marcin Jozwiak)

D’EU géif net wäit genuch goen am Kampf géint de Klimawiessel, bedauert de Gauthier Hansel vu Greenpeace Lëtzebuerg.

"Donc l'objectif de réduction de 90 % des émissions de carbone, c'est une déception pour Greenpeace, puisque dans l'état actuel des choses, déjà la Commission européenne n'écoute pas l'avis des experts de la communauté scientifique, puisque le Conseil consultatif scientifique européen avait souligné le mois dernier que l'Union européenne devait viser une réduction nette de 90 % à 95 % d'ici 2040. Donc ici on vise vraiment le strict minimum de ce qu'avaient conseillé les experts."

Wéinst de Flexibilitéiten, déi d’EU-Kommissioun virgesinn huet, wier nach Villes am Vagen. Esou wier nach net kloer, ob all eenzelne Secteur déi 90 Prozent Reduktioun un Zäregasenausstéiss muss erreechen.

Lëtzebuerg setzt am Zement- a Glassecteur Emissioune fräi 

Och dierft een de sougenannte Captage vun CO2 an deenen Efforte mat aberechnen, hat den zoustännege EU-Kommissär erkläert. Dat heescht: wann een CO2 aus der Atmosphär eraushëlt, kéint een dat guttgeschriwwe kréien.

Zu Lëtzebuerg ginn et ënner anerem am Zement an am Glassecteur Produktiounsverfahren bei deenen CO2 wéinst de chemesche Reaktioune fräigelooss gëtt. Do soll probéiert ginn déi anzefänken. Et misst een awer an den Ae vu Greenpeace Lëtzebuerg iwwerhaapt mol probéieren, déi Ausstéiss vu vir eran ze limitéieren. D’Gefor wier soss déi, datt d’Industrie um Enn all méiglech Kompenséierungsméiglechkeete benotzt fir propper do ze stoen, kritiséiert de Gauthier Hansel. 

"Greenpeace est bien entendu contre cette autorisation, puisqu'il est beaucoup plus facile de stopper la production du carbone plutôt que de le retirer de l'atmosphère une fois qu'il est émis. Et en plus de cela, la Commission européenne, elle prévoit également que 3 % de l'objectif de 90 % puisse être obtenu en payant en fait des pays extérieurs de l'Union européenne pour réduire leurs émissions à la place de décarbonés au sein de l'Union tout simplement."

Lëtzebuerg huet keng Flexibilitéite gefuerdert, anescht ewéi Frankräich Italien a Polen, dat hat den Ëmweltminister dës Woch op Nofro hi confirméiert.

Greenpeace rifft d’Regierung lo dozou op, sech op EU-Niveau fir een ambitiéist Zil am Beräich vum Klimaschutz anzesetzen, esou de Gauthier Hansel.