arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Gratis Wifi op de Busarrêten

Mobilitéit

|
headphones

1 min

Gratis Wifi op de Busarrêten

Deemnächst soll op de Busarrête gratis Wifi ugebuede ginn. Dat wier sou am Koalitiounsaccord virgesinn, seet d’Mobilitéitsministesch an enger Äntwert op eng parlamentaresch Fro vun de Piraten. Den Ament wieren dozou Echangen tëschent de concernéierte Ministèren a Verwaltungen amgaangen.

headphones

1 min

But ass datt d’Leit e QR-Code op den neie Placken, déi op de Busarrêten installéiert gi sinn, kënne consultéieren. Do gëtt d’Echtzäit vun de Bussen ugewisen.

Dëse QR-Code wier awer nëmmen eng zousätzlech Méiglechkeet fir d’Horairen ze consultéieren, d’Bierger:inne géife sech gréisstendeels iwwer Mobilitéit.lu an aner Appen informéieren, esou d’Ministesch.