Radioen

On air

Notturno  |  Robert Wyatt - Maryan

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Gratis Drénkwaasser an de Restauranten a Caféën: Wéi leeft dee Projet?

Projet Drénkwaasser

Gratis Drénkwaasser an de Restauranten a Caféën: Wéi leeft dee Projet?

De Bilan vun der Initiativ Drénkwaasser, déi d’Waasser vum Krunn an de Restauranten a Caféë soll promouvéieren, ass duerchwuess. Och no der offizieller Campagne ass d‘Initiativ nach net bekannt genuch. Fir Cafetière wier et finanziell och schwiereg, Krunnewaasser ëm soss unzebidden. D’Horesca ass iwwerdeems zefridden.

auto_stories

2 min

© Bigstock / mizina
Foto: Bigstock / mizina

Eng 250, also ronn 10 Prozent vun allen HORESCA Betriber maache mat bei der Initiativ. Dat wier ee gudde Score, fënnt d’Horesca op Nofro hin. Um Terrain gëtt kloer, datt de Projet net an all Betrib ëmsetzbar ass.

„Ouni Iessen ass et net lukrativ“

Sou huet ee Cafés-Besëtzer am Gronn seng Fläschen, déi hie vum HORESCA fir d’Krunnewaasser ze zerwéieren zur Verfügung gestallt krut, mol nach ni am Gebrauch gehat.

Ëmmerhi géing d’Consommatioun vu Waasser nämlech 5 bis 10 Prozent vum Ëmsaz ausmaachen. Wann also een Dësch nëmme Krunnewaasser bestellt, da kéimen do Méikäschten op: nämlech fir de Service, d’Killen an d’Entkalleken. Wann hien also just Krunnewaasser géif erausginn, dann hätt dat Konsequenze fir säi Budget.

„Dat heescht, ouni Iessen ass et am Fong geholl net lukrativ. Do misst een da vläicht och kucken, ob een do da Subside géing kréien oder wéi een dat da kéint bësse méi attraktiv maache fir eis.“

Net alleguer der selwechter Meenung

Een anere Café op der Theaterplaz huet scho virum Lancement vun der Campagne senger Clientèle Krunnewaasser fir näischt ugebueden. Hie begréisst d’Initiativ a mécht och weider mat. Hie gesäit et als Flicht senger Clientèle nieft alkoholeschem Gedrénks och Waasser unzebidden. D’Käschte géingen dobäi extreem kleng ausfalen, fënnt hien.

„Mettre une carafe d'eau et un verre d'eau dans une lave-verree, ça ne coûte rien. La lave verre, dans tous les cas, il faut le remplir. En général, il reste pile la place pour justement la carafe d'eau ou le verre d'eau. Ça prend dix secondes, je pense, de servir de l'eau, donc, on paye combien, l'employé, pour ces dix secondes ? On paye dix centimes le verre.“

Weder Clientèle nach Restauratioun genuch opgekläert

Béid Restaurateure géingen sech alles an allem iwwer méi Sensibiliséierungsaarbecht freeën. Och wann déi offiziell Campagne am Juni op en Enn gaangen ass, géinge vill Acteuren am Secteur näischt vun der Aktioun wëssen. D’HORESCA weist drop hin, datt nach Krunnewaasser-Fläsche fir d’Betriber am Stock wieren.

Och op Säite vun der Clientèle wieren der wéineg driwwer informéiert iwwer d’Optioun einfach Krunnewaasser ze bestellen, soen d’Cafetièren. Ëmsou méi wichteg wier et dowéinst der Clientèle de Choix tëscht Mineral- a Krunnewaasser ze ginn, fir se esou d’Initiativ opmierksam ze maachen, betount nach de Bistro-Besëtzer vun der Theaterplaz.

Geschriwwe vum Ilana Joseph