“Mir Lëtzebuerger sinn zéi, vum naassen Hierschtwieder loosse mer eis net ënnerkréien” dat waren déi éischt Wierder vum neie Grand-Duc Guillaume senger Ried um Samschdegowend um Glacis. Hien huet och op all déi Leit higewisen, déi wärend senger Tournée am Land an och an der Stad sech engagéiert hunn.
“Haut war et fir mech wichteg dësen Dag mat iech ze feieren. Merci fir ären häerzlechem Empfang zu Gréiwemaacher, zu Wooltz, zu Stengefort, zu Diddeleng an op der rouder Bréck mat esou ville Vertrieder aus der Lëtzebuerger Gesellschaft. An elo och hei mat iech alleguerten um Glacis.”
Dausende Leit waren um Glacis, fir de Grand-Duc Guillaume ze feieren. An d’Leit um Glacis empfannen de Guillaume als ganz sympathesch a buedemstänneg.
Eng Première fir de Grand-Duché war d’Droneshow owes. Um Himmel hunn d’Drone verschidde Symboler gezeechent. D’Show vun 8 Minutte koum bei de Leit gutt un, ma se wier e bësse kuerz gewiescht hu verschiddener gemengt.
Um Sonndeg, dem drëtten Dag vun de Feierlechkeeten ëm den Trounwiessel ass op Invitatioun vum Bistum en Tedeum an der Kathedral um 11 Auer.