Fir Investisseuren ass dat eng spannend Entwécklung, mee och am Alldag vu Bijoutieren a Goldhändler mécht sech d'Hausse bemierkbar.
D’Nicole Feller, Bijoutière zu Réimech, gesäit an hirem Geschäft eng däitlech Hausse u Clienten. Déi komme mat Ierfstécker, déi si verkafe wëllen, oder fir se an nei Bijoue verschaffen ze loossen. "Eisen Atelier leeft besser wéi déi klassesch Vente", seet si. Déi meescht Clientë kafe Bijouen net als Investitioun, mee fir emotional wichteg Momenter: Verlobungen, Gebuerten oder ronn Gebuertsdeeg.
Gold als Investitioun
Manner emotional geet et beim Goldhändler Thomas Guinay zou. Hie kritt dacks Clienten, déi a Goldmënzen oder -barren investéieren, oder hire Bestand verkafe wëllen. D'Motiver si verschidden: Profit huelen, d’Investitioun ausbauen oder sech géint Inflatioun ofsécheren.
Besonnesch an d'A spréngt him eng nei Clientèle: jonk Investisseuren, déi sech iwwer Appen an Onlineplattformen informéieren a Gold ëmmer méi als Alternativ zu Krypto oder Aktie gesinn.
En tangible Wäert ouni politesch Ofhängegkeet
Fir de Guinay huet Gold eng Qualitéit, déi vill aner Assetten net hunn: "Et ass en tangiblen, weltwäit unerkannten Invest, onofhängeg vu Wärungen oder politeschen Decisiounen.“ Ob de Präis awer och an de kommende Joren esou weider klëmmt, wollt hien net viraussoen.
Chance fir al Bijouen
Fir Leit, déi nach al Bijouen doheem leien hunn, ass d'Recommandatioun vun der Bijoutière kloer: se an den Atelier bréngen, aschmëlze loossen oder nei verschaffe loossen. Well wann d'Gold just ongenotzt am Tirang läit, "ass et fir d’Ierwen oder fir Abriecher“, seet d'Nicole Feller mat engem A-Zoudrécken.