arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Global Peace Index 2026: D'Welt gëtt manner friddlech

Fräie Mikro

|
reading time

3 min

headphones

3 min

play_arrow

Global Peace Index 2026: D'Welt gëtt manner friddlech

Rezent goufe bei der Vergab vum Lëtzebuerger Friddenspräis d’Resultater vum Global Peace Index vun dësem Joer virgestallt. Am Fräie Mikro hëlt d’Presidentin vun der Lëtzebuerger UNESCO-Kommissioun, d’Simone Beck, dëse Rapport ënner d'Lupp.

reading time

3 min

headphones

3 min

play_arrow

Den allgemenge Constat vum Rapport ass: D'Welt gëtt manner friddlech, haaptsächlech wéinst ëmmer méi Konflikter och mat Waffen. An Europa bleift déi friddlechst Regioun op der Welt. Island ass de 19. Kéier dat friddlechst Land, virun Irland an Éisträich.

D’Organisatioun Economics and Peace analyséiert all Joer an 163 Länner – Lëtzebuerg ass net dobäi – wéi sech d’Situatioun vu Krich, Oprëschtung a Fridden entwéckelt.

Zënter 12 Joer weist de globale Friddensindex onënnerbrach no ënnen. Zënter 2007, dem éischte Global Peace Index, hu sech 119 vun 163 Länner a Richtung Konflikt a Krich entwéckelt. Dëst gëtt besonnesch duerch déi grouss Fragmentatioun erkläert, dat heescht d’Verschwanne vun enger bipolarer Welt an d’Erstäerke vu sougenannte middle powers wéi d’Tierkei oder d’Arabesch Emirater.

Gefor vu Flächebränn

Besonnesch alarméierend ass d'Zuel vun den interne Konflikter, där hir Afferzuel sech an e puer Joer versechsfacht huet. Ervirgehuewe gëtt do déi schrecklech Situatioun am Sudan, déi allerdéngs kaum een um Radar huet.

Eng weider Suerg ass d'Verbreedung vu Konflikter iwwer Landesgrenzen eraus. Haut si méi wéi 100 Länner op iergendeng Aart a Weis an extern Konflikter verwéckelt.

Dës Konflikter ginn duerch Waffenhandel, kriminell Ressourcen, ideologesch Verbindungen a schwaach Staatsstrukture gefërdert. Besonnesch um Har vun Afrika sinn eenzel Konflikter ëmmer méi enk matenee verbonnen, wouduerch kann e Flächebrand entstoen.

2.567 Dollar op de Kapp

Gewalt a Krich hunn e grousse wirtschaftlechen Impakt. 2025 goufe weltwäit 21,8 Billiounen US-Dollar fir Rüstungs- a Krichsdépensen ausginn. Dat sinn 10,5 Prozent vum weltwäite PIB Oder 2.567 US Dollar pro Joer fir all eenzelne Mënsch, deen op der Welt lieft.

An deene Länner, déi am meeschte vu Gewalt a Krich betraff sinn, gëtt ronn e Véierel vum PIB a Krich an Oprëschtung investéiert. D'Ausgabe fir Friddensopbau a Friddenserhalunge leien 2025 bei 0,5 Prozent.

Kënschtlech Intelligenz

Schliisslech beschäftegt sech de Rapport mat der Roll vun der kënschtlecher Intelligenz. KI gëtt ëmmer méi am militäresche Beräich agesat, besonnesch bei Dronen an automatiséierte Waffesystemer.

Wärend dës Technologien d'Krichsféierung radikal veränneren, bleift d'Notzung vu KI fir Fridden, Mediatioun a Konfliktreegelung ënnerfinanzéiert. De Rapport warnt och virun der Tatsaach, datt d'technologesch Entwécklung méi séier virugeet wéi déi international Reegelen a Kontrollmechanismen.

Och wa Lëtzebuerg net an dem Global Peace Index virkënnt, maache mir an der allgemenger Oprüstungs-Frenesie keng Ausnam.

Bis 2029 fiert Lëtzebuerg seng Militärausgabe vun haut ronn 800 Milliounen Euro op 1,67 Milliarden erop. Wéi gutt, datt mir keng Wunnengsnout a Kanneraarmut zu Lëtzebuerg hunn. 

Mam Zil fir déi ëffentlech Debatt ze fërderen, invitéiert de Radio 100,7 am Fräie Mikro Leit aus der Zivilgesellschaft fir aktuell Theemen ze kommentéieren. De Fräie Mikro ass e Gaaschtbäitrag mat Richtlinnen, am Respekt vun eisem Cahier des Charges, ënner der finaler Responsabilitéit vum Radio 100,7.

play_arrow Lauschteren