D‘Bün wier immens naass an duerch de Wand géif et deelweis wackelen an dofir kéint een den Ament keen op d‘Bün loossen, esou heescht et vu méi Sourcen.
Géint Hallwer zwou rechnen d‘Autoritéiten domat, datt d‘Situatioun sech bessert an de Programm viru fuere kann. De Moment hätten d‘Wiederconditiounen nach keen Impakt op d‘Concerten den Owend.
Och zu Diddeleng ginn et den Ament Concertatiounen tëschent politeschen an technesche Responsabelen, ob den éischte Concert de Mëtteg ofgesot muss ginn.
Bis den Owend 7 Auer gëllt eng giel Alerte - also déi niddregst Warnstuf – wéinst staarkem Reen an zolitte Wandstéiss. Et gi sech Wandstäerkte vu bis zu 80 Kilometer an der Stonn erwaart, esou Meteolux.
Bis 12 Auer soll et verstäerkt zu Nidderschléi a staarkem Wand kommen. Kuerz no Mëtteg soll et sech nees liicht berouegen. Tëschent 2 a 7 Auer sollen d’Wandstéiss dann nees méi staark ginn, mat bis zu 75 Kilometer an der Stonn.
Haut ass et den zweeten Dag vun de Feierlechkeete mat der Tournée duerch d‘Land. Mat Statiounen zu Gréiwemaacher, Wooltz, Stengefort an Diddeleng.
Dann déi grouss Final den Owend an der Stad: Op der rouder Bréck an um Glacis ass eng grouss Feier mat Spektakel, enger Ried vum Grand-Duc, enger Droneshow a Concerte geplangt. Fir béid Deeg vun de Festivitéiten sinn iwwer ronn 800 Polizistinnen a Polizisten.