arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Schnéiwarnung am Eislek bis muer de Moien, soss keng gréisser Komplikatiounen

Stuermdéif Goretti

|
headphones

3 min

headphones

2 min

play_arrow

Schnéiwarnung am Eislek bis muer de Moien, soss keng gréisser Komplikatiounen

Vu véier Auer de Mëtteg u gëllt eng giel Alerte wéinst Schnéifall, dat fir den Norde vum Land. Et gi sech 5 bis 10 Zentimeter Schnéi erwaart. An den Nordspëtzte vum Land (iwwer 400 Meter) si bis zu 12 Zentimeter méiglech. D'Temperature falen an der Nuecht nees ënnert de Gefréierpunkt.

headphones

3 min

headphones

2 min

play_arrow
© picture alliance
(Foto: picture alliance)

Dësen Artikel gouf als lescht aktualiséiert um 16:30Auer.

Wat de Wand ugeet wier dat Schlëmmst de Mëtteg schonn iwwerstanen gewiescht, heescht et op Nofro hi vu Meteolux. A Frankräich oder Däitschland gesäit d’Lag awer anescht aus. 

De Lucas Mathias vu Meteolux seet, datt de Maximum vun der Wandstäerkt schonn de Moien erreecht gouf.

10 – 20 Liter Reen op de Meterkaree bis den Owend

Op verschiddene Plazen am Land goufe bis zu 80 Kilometer an der Stonn Wandstäerkt gemooss.

“De Wand wäert sech elo déi nächst Stonne berouegen an am Laf vum Owend sinn dann nach Wandstéiss esou tëschent 40 a 60 km/h méiglech, wat awer elo net méi warn-relevant ass. A puncto Reen hu mir elo um Findel zënter gëschter Owend esou knapps 20 Liter op de Meterkaree gemooss. Do wäert elo och nach bis den Owend nach eng Kéier 10 bis 20 Liter deemno wéi dobäi kommen.”

Den Nidderschlag vun de Mëtteg wäert sech plazeweis den Owend a Schnéi ëmwandelen, deen och soll leie bleiwen. Dowéinst huet Meteolux eng giel Warnung fir den Norde vum Land erausginn. Do wieren och bis zu 10 cm Schnéi méiglech, 12 souguer am Éislek, esou nach de Lucas Mathias.

CGDIS mellt 20 Asätz wéinst dem Wieder

Fir de CGDIS waren et trotz de Wiederverhältnisser eng éischter roueg Nuecht respektiv Moien. Gezielt goufen ëm déi 20 Asätz zesumme mat Ponts et chaussés fir Beem an der Strooss an dräi technesch Asätz, wou beispillsweis eng Stee widdert engem Haus duerch de Wand ëmgefall ass.

Net esou roueg war et wuel an de Gemenge Sandweiler, Schraasseg, Éiter a Conter. Do war de Moien de Stroum ausgefall, well e Bam op eng Stroumleitung gefall war, wéi d’Creos matgedeelt huet. Um véirel op 9 war de Stroum awer nees hiergestallt.

De Wanter huet praktesch ganz Europa fest am Grëff

Méi hefteg getraff huet d’Stuermdéif Elli, wéi een an Däitschland seet, den Norde vu Frankräich an Däitschland. Am Norden, zu Hamburg a Bremen, sinn d‘Schoulen um Freideg zou.

Déi däitsch Bunn huet de Fernverkéier wéinst dem Stuerm a vill Schnéi am Norde vum Land agestallt.

An Nordfrankräich ware bal 400.000 Stéit ouni Stroum an op der Côte vum Ärmelkanal goufe Wandspëtzte vu bis zu 213 km/h gemooss, wéi franséisch Medie mellen.

Alerte rouge a verschiddene franséischen Departementer

27 Departementer a Frankräich sinn als orange klasséiert ginn, d‘Regioun laanscht d‘Manche gouf op rout eropgesat, do sinn haut um Freideg och d‘Schoulen zou.

A Schottland sinn elo scho fir de véierten Dag hannerteneen d‘Schoulen zou wéinst dem ville Schnéi. Och an England ass d‘Warnstuf rout ausgeruff ginn. 

play_arrow Lauschteren