arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Gewësse Servicer vun E-Santé sinn de Moment net accessibel

Santé deelt mat

|
headphones

1 min

Gewësse Servicer vun E-Santé sinn de Moment net accessibel

Bestëmmte Servicer vun der E-Santé si méiglecherweis den Ament net zougänglech, wann d‘Authentifizéierung iwwer d'Produite vu Luxtrust-Mobile oder Scan gemaach gëtt. Dat deelt de Santésministère zesumme mat der Agence E-Santé an der CNS an engem Schreiwes mat.

headphones

1 min

Virun allem de Paiement Immédiat Direct, Patientendossieren an den elektronesche Vaccinatiounscarnet wieren temporär net accessibel. Den Zougrëff op déi gemeinsam Patientenakte wier awer weider iwwer myguichet.lu méiglech.

Et géif een aktuell dru schaffen, de Problem esou séier wéi méiglech ze behiewen. Fir Hëllef kéint ee sech un den Helpdesk vun der Agence E-Santé wenden, esou nach d'Santé an hirem Schreiwes.