Radioen

On air

Notturno  |  Airship81 - Glow

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Gewerkschaften an Daachverband vun de Bauentreprisë géint Ännerunge bei Congé Collectif

No Aussoe vum Aarbechtsminister bäi RTL

Gewerkschaften an Daachverband vun de Bauentreprisë géint Ännerunge bei Congé Collectif

Souwuel d’Gewerkschaften OGBL a LCGB, wéi och den Daachverband vun de Bauentreprisen gesi kee Grond fir de Congé Collectif a Fro ze stellen. Dat sinn d’Reaktiounen nodeems den Aarbechtsminister Georges Mischo de Mëttwoch de Moien an engem Interview mat RTL d’Fro opgeworf huet, ob de Congé Collectif nach zäitgeméiss wier.

auto_stories

1 min

Foto: picture alliance / Klaus-Dietmar Gabbert/dpa-Zentralbild/dpa | Klaus-Dietmar Gabbert

Den OGBL betount, datt de Congé Collectif e feste Bestanddeel vum Kollektivvertrag am Bausecteur wier. Ouni de Congé Collectif géif et keng Garantie ginn, datt d’Aarbechterinnen an Aarbechter am Summer kéinten an d’Vakanz goen. Iwwerdeems géif et ouni Congé Collectif zu Problemer an der Organisatioun kommen, erkläert de Jean-Luc De Matteis vum OGBL. 

"Dir kennt Iech virstellen, e Chantier wou, vun deem nämmlechte Betrib 40 oder 50 Leit schaffen, an op ee mol feelen do Leit. (…) Wann d’Leit net do sinn, da kann dee Chantier souwéisou net lafen."

Och den LCGB gesäit am Moment kee Grond fir Négociatiounen iwwer de Congé Collectif unzefänken. D’Gewerkschaft hätt och nach net iwwer Alternativen nogeduet.

"Quand on a un système qui satisfait et qui fonctionne et que personne se plaint, il y a pas de raison à le remettre en Question."

An och de President vum Daachverband vun de Bauentreprisen, de Roland Kuhn, ass der Meenung, datt keng Alternativ fir de Congé Collectif gebraucht gëtt. Fir déi wichteg Chantieren, wéi beispillsweis den Tram, hätten et nach ëmmer Derogatioune ginn.

Lauschterenplay_arrow