arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Gewerkschaften OGBL an LCGB ginn net méi a Reuniounen vum CPTE

Gewerkschaftsfront

|
headphones

2 min

headphones

2 min

play_arrow

Gewerkschaften OGBL an LCGB ginn net méi a Reuniounen vum CPTE

OGBL an LCGB wäerten op een neits net méi u Reunioune vum “Comité Permanent du Travail et de l’Emploi” Deel huelen. De CPTE hätt kee Mandat méi, an d’Gewerkschafte froen den Aarbechtsminister Georges Mischo (CSV) fir Eenzelreuniounen mat de Sozialpartner anzeféieren.

headphones

2 min

headphones

2 min

play_arrow
Patrick Dury a Nora Back | © Serge Kesseler
Patrick Dury a Nora Back (Foto: Serge Kesseler)

OGBL an LCGB hunn de Premier an d’Chamber-Fraktioune mat Bréiwer iwwer hir Entscheedung informéiert. Gläichzäiteg hunn déi béid Gewerkschafte virun der Press de Premier an d’Regierung schaarf kritiséiert. 

"An Dir musst och verstoen, datt eist Vertraue fort ass an d’Regierung, fir kënnen nach eng Kéier op de Wee vun normalen, korrekte Verhandlungen ze goen."

Der OGBL-Presidentin Nora Back no, hätt d’Regierung d’Tripartite begruewen. D’Nora Back huet dowéinst méi gewerkschaftlech Aktiounen ugekënnegt.

OGBL an LCGB kéinte sech net méi instrumentaliséiere loossen, fir Sozialofbau ze bedreiwen, huet d’Nora Back betount.

"Nei Phas vun Instabilitéit"

Et géif een net méi u Verhandlunge gleewen, esou sengersäits och de President vum LCGB, Patrick Dury. Hien huet virun engem Risiko vun enger “neier Phas vun Instabilitéit” och hei am Land gewarnt.

"An et sinn eis aus Regierungskreesser och Informatiounen zougedroe ginn, datt de Premier déi Aart a Weis wéi a Frankräich politesch regéiert gëtt, och gutt fënnt."

Wéinst "chaotesche Sozialronnen" war et donieft dës Kritik un d’Adress vum Luc Frieden.

"Ee magistrale Verhandlungsführer gesäit anescht aus, wéi dat wat ech do an de Reuniounen erlieft hunn."

play_arrow Lauschteren