Positiv wär, dass ee matenee geschwat hätt, dat hunn d’Nora Back vum OGBL an de Patrick Dury vum LCGB erkläert. Vill méi wär awer net ze soen zum Rendez-vous vun haut.
Kee Retour
Et wier een Austausch, bei deem näischt erauskoum wier. Dat hunn d’Presidentin vum OGBL an de President vum LCGB no hirer Entrevue vu bal zwou Stonne mat de Ministere Georges Mischo a Lex Delles festgehalen. Et hätt een déi eege Fuerderungen op den Dësch geluecht, ma net vill bis guer kee Retour kritt, esou d’Nora Back an de Patrick Dury.
D'OGBL-Presidentin Nora Back fënnt déi zwee Ministeren hätten hinne schonn nogelauschtert. Et wier och ee konstruktiivt Gespréich gewiescht. Mee et hätt een awer keng Äntwert kritt op dat wat si presentéiert hätten, esou d'Nora Back.
"A mir hunn och elo nach guer net héieren, wat d'Regierung wëlles huet, bei den Aarbechtszäiten ze maachen, well si eis gesot hunn: Mir wëllen Iech elo mol nolauschteren, deenen aneren nolauschteren, an da komme mer eng zweet Kéier zréck beieneen."
De Patrick Dury President vum LCGB sot no der Reunioun:
"Mir sinn hei am Land awer an enger Situatioun, déi jo net normal ass, well mer net méi zu 3 beienee sëtzen. Mä fir de Moment ass dat den eenzege Wee, dee mer gesinn. Mä mir komme jo heihin, fir e Resultat en fin de compte ze hunn a fir u sech e gangbare Kompromëss ze fannen, an net, fir u sech mat Deterioratiounen oder Verschlechterunge fir d'Leit, déi schaffen hei am Land, konfrontéiert ze sinn.”
Et wier gutt, nees matenee geschwat ze hunn, ma déi nächst Reunioune misste weisen, wou et higeet, hunn déi zwee Gewerkschaftler betount.
Nächst Treffe mat Gewerkschaften a Patronat
No hinnen hunn d’Patronen d’Ministere Mischo an Delles gesinn, en nächste Rendez-vous fir weider bilateral Gespréicher gouf op den 19. November fixéiert.
Eenzelgespréicher mam CSV-Aarbechtsminister
D‘Gewerkschaften an d‘Patronat haten haut um Dënschdegmëtteg hir éischt Sitzung a Form vun Eenzelgespréicher mam CSV-Aarbechtsminister Georges Mischo. D‘Gewerkschaften haten no der leschter Sozialronn ugekënnegt, net méi an den CPTE, dem Comité permanent du traivail et de l‘emploi, ze goen.
Doropshin hat d‘Regierung decidéiert, an Eenzelgespréicher souwuel mat Gewerkschaften, wéi och mam Patronat, no Léisungen ze sichen. An de Reuniounen ass et haaptsächlech ëm d‘Aarbechtszäitorganisatioun goen.