Radioen

On air

9 bis 1  |  Benee - Sad Boiii

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Gestäerkten Orban empfänkt Staats- a Regierungscheffen zu Budapest

SOMMET “EUROPÄESCH POLITESCH COMMUNAUÉIT AN INFORMELLEN EU-SOMMET

Gestäerkten Orban empfänkt Staats- a Regierungscheffen zu Budapest

Den ungaresche Premier Viktor Orban huet en Donneschdeg an e Freideg bal 50 Staats- a Regierungscheffe fir zwee héichrangeg Sommeten invitéiert. Onkloer ass, a wéi wäit de Supporter vum frësch gewielten Donald Trump bei deene Reunioune seng eegen Akzenter setze kann.

auto_stories

3 min

headphones

2 min

© picture alliance / NurPhoto | Nicolas Economou play_arrow
Foto: picture alliance / NurPhoto | Nicolas Economou

Den ungaresche Premier war deen éischten, deen dem Donald Trump zu senger Victoire gratuléiert huet. Ausgerechent dee gréisste Supporter vum fréieren amerikanesche President empfänkt en Donneschdeg an e Freideg zu Budapest d’Leaderen aus bal 50 Länner an Europa. 

5. Sommet vun der EPC: Ënnerschiddlech Vuen op den Donald Trump an op Russland

Ugefaange mam Sommet vun der sou genannter “Europäescher Politescher Communautéit” (EPC), där ronn 50 Länner ugehéieren. Nieft deene 27 vun der Europäescher Unioun sinn dat zum Beispill d’Tierkei, d’Länner um Westbalkan oder awer Moldawien a Georgien. D’Institutioun gouf virun zwee Joer gegrënnt - op d’Initiativ vum franséische President Emmanuel Macron, mam But sech zwee Mol am Joer informell zu verschiddene Sujete vu Politik iwwer Sécherheet bis bei Energie a Verkéier auszetauschen.

D’Reunioun zu Budapest ass déi fënneft an dësem Format - bis elo stoung de Krich an der Ukrain meeschtens am Mëttelpunkt vun de Gespréicher. Dës Kéier sollt de Fokus an zwou Aarbechtsgruppen op d’Ekonomie an op d’Migratioun geluecht ginn. Mee et ass domat ze rechnen, datt virun allem ee Sujet dominéiere wäert: Dat ass d’Resultat vun de Walen an den USA. Déi verschidde Länner hunn duerchaus ënnerschiddlech Vuen op de Changement, deen an den USA elo usteet. Och den Ausgank vun de Walen a Georgien dierft fir kontrovers Diskussioune suergen.

Als Reaktioun op Trump-Victoire: EU probéiert Eenheet ze weisen

Um informellen EU-Sommet gesi sech dann e Freideg den Owend déi 27 Staats- a Regierungscheffe vun der Europäescher Unioun am méi klenge Krees. Och hei dierften d’Gespréicher sech virun allem ëm de Wiessel am Wäissen Haus dréinen.

Bis op de Viktor Orban huet d’Europäesch Unioun zimmlech eenheetlech reagéiert - mam Haaptmessage: d’Unioun huet enk Relatioune mat den USA an déi Relatiounen hänken net vun enger Persoun of. Ee weidere Message ass deen, datt d’Unioun eege politesch Ziler an Handwierksgeschier huet, a sech net vun engem neien amerikanesche President aus dem Konzept brénge léisst.

Orban huet Iwwerwaasser

Allerdéngs kéint dat scho bei engem Sujet, dee bis elo am Mëttelpunkt vun den Diskussioune vun der sou genannter Europäescher Politescher Communautéit stoung schwéier ginn: Dem Krich an der Ukrain.

De Viktor Orban huet schonn e Mëttwoch direkt no enger neier Strategie vun der EU an deem Sujet gefuerdert.

Et gëtt och Rumeuren zu Bréissel, datt den ungaresche Premier wëlles huet, den Donald Trump per Video op de Sommet vun de 27 EU-Länner bäizeschalten. Et wier eng Provokatioun zu där sech am Virfeld e puer EU-Diplomaten net wollten äusseren.

Eent ass sécher: Deen, deen d’Gäscht zu Budapest empfänkt, huet duerch d’Victoire vum Donald Trump Iwwerwaasser - an et wäert interessant ginn, op déi aner et fäerdeg bréngen, him d’Heft bei dëse Meetingen aus der Hand ze huelen.

Lauschterenplay_arrow