Ob d'Gewerkschaftsfront aus OGBL an LCGB d'Invitatioun unhuele géif, war awer laang net kloer. Schliisslech hate si Enn Mee an engem Schreiwes nach annoncéiert, nëmmen nach an enger Tripartite ze diskutéieren. D'Fronte si jiddefalls verhäert.
Ausléiser vum Konflikt war den CSV-Aarbechtsminister Georges Mischo, wéi hien am Hierscht zejoert dat exklusiivt Verhandlungsrecht fir d'Gewerkschafte vun de Kollektivverträg a Fro gestallt hat. D'Gewerkschafte gesinn de Sozialdialog a Gefor.
An och iwwer d'Gesetzesprojete wat Sonndesaarbecht an Ëffnungszäiten am Commerce ugeet, weisen den OGBL an den LCGB sech entsat.
Dem Luc Frieden seng Annonce zu der Pensiounsreform an der Ried zur Lag vun der Natioun verschlëmmeren d'Situatioun weider.
D'Gewerkschafte si rosen: Esou, wéi déi aktuell Regierung de Sozialdialog féiere géif, wier net déi Aart a Weis, wéi e bis elo funktionéiert hätt, sot de Patrick Dury den 20. Juni virun der Press.
"Dat ass net méi deen Tripartitesmodell, dee mir kennen, un deem mir festhalen, wou dräi Partner op Aenhéicht kënnen, wa sech Problemer erginn, no Léisunge siche fir dann op e Kompromëss hinzeschaffen."
Als Konsequenz deelen d'Gewerkschaften den 23. Mee mat, datt si nëmmen nach an enger Tripartite diskutéiere wäerten. De Premier Luc Frieden probéiert d'Situatioun ze entschäerfen.
Hie luet op d'Reunioun haut um Mëttwoch zesumme mam Patronat an, wëllt dat awer net Tripartite nennen.
Gewerkschafte fuerdere Matsproocherecht iwwer Ordre du jour
Op dës Invitatioun äntweren d'Gewerkschaften no hirer Manifestatioun vum 28. Juni, op déi, jee no Source, 12.000-25.000 Dausend Leit komm sinn.
Den OGBL an den LCGB huelen d'Invitatioun un, stellen awer Konditiounen, esou d'OGBL-Presidentin als eis Invitée vum Dag den 1. Juli.
"Duerfir ass eis éischt Konditioun, mee mir kënnen jo awer den Ordre du jour matbestëmmen, wann ee seet, mir treffen eis op Aenhéicht, mee dann huet jo awer jiddereen d'Recht ze soen, hei, ech hätt déi do Punkte gären op d'Tagesordnung. Eppes anescht hu mer jo net gemeet."
Regierung kënnt de Gewerkschaften entgéint
Kollektivverträg, Sonndesaarbecht an Ëffnungszäiten am Handel, Mindestloun a Pensiounsreform sollten op den Ordre du Jour kommen.
An enger éischter Reaktioun weist sech de Premier Luc Frieden iwwerrascht iwwer dës Fuerderungen.
“Wa jiddweree mat Konditioune kënnt, gëtt et natierlech ganz schwiereg. Mee mir wäerten dat an engem oppene Geescht an den nächsten Deeg kucken an da kucke mir wéi mir domat ëmginn.”
Och d'Patronat hat dës Aart a Weis vun de Gewerkschafte staark kritiséiert. "Et gehéiert zum Sozialdialog, datt een net ëmmer alles kritt, wat ee sech virstellt", huet et vum Tom Baumert, Direkter vun der Luxembourg Confederation, als Reaktioun geheescht. Dofir sollten d'Regierung, d'Patronat an d'Gewerkschaften den 9. Juli un engem Dësch verhandelen an net am Virfeld rout Linnen zéien.
Iwwerdeems hunn d'Gewerkschaften de Méindeg op eis Nofro hi confirméiert, datt hir Punkten op den Ordre du Jour gesat goufen. Op der Dagesuerdnung stinn deemno haut d'Theeme Kollektivverträg, Sonndesaarbecht, Mindestloun a Pensiounsreform. D'Reunioun tëschent der Regierung an de Sozialpartner ass um 3 Auer de Mëtteg am Staatsministère.
No der Reunioun ass eng Pressekonferenz virgesinn, déi mir och couvréieren.