arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Gespréicher fir eng Friddensléisung zu Miami mat Russland an Ukrain

Krich an der Ukrain

|
headphones

1 min

Gespréicher fir eng Friddensléisung zu Miami mat Russland an Ukrain

An den USA ginn haut weider Gespréicher iwwer eng Friddensléisung fir den Ukrain-Krich gefouert. Russesch Vertrieder wiere gëschter, Samschdeg, schonn zu Miami ukomm. Och ukrainesch an europäesch Vertriede solle bei de Gespréicher a Florida dobäi sinn.

headphones

1 min

US-Delegation bei de Friddensgespréicher zu Genève am November 2025 | © PA/MARTIAL TREZZINI
US-Delegation bei de Friddensgespréicher zu Genève am November 2025 (Foto: PA/MARTIAL TREZZINI)

Vun amerikanescher Säit soll den US-Emissär Steve Witkoff un de Gespréicher deelhuelen. 

Bei dëse Verhandlunge proposéiert d‘US-Regierung ukraineschen Aussoen no, datt Vertrieder vu Kiew a vu Moskau eng éischte Kéier zanter Méint nees direkt matenee schwätze sollen.

Och een Treffen zu dräi wier envisagéiert, heescht et vun ukraineschen Noriichtenagencen, déi sech op de Sécherheetsrot vu Kiew beruffen.