arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Gespréicher an der "Sozialronn" sollen a Chamberkommissiounen thematiséiert ginn

Gréng Sensibilitéit fuerdert

|
reading time

1 min

Gespréicher an der "Sozialronn" sollen a Chamberkommissiounen thematiséiert ginn

Déi Gréng Sensibilitéit an der Chamber fuerdert, datt d'Diskussiounen tëscht der Regierung an de Sozialpartner haut um Mëttwoch de Moien an der Chamber op d‘Dagesuerdnung vun der gemeinsamer Reunioun vun de parlamentarescher Kommissiounen Aarbecht a Gesondheet a Sécurité Sociale misste gesat ginn.

reading time

1 min

An enger entspriechender Ufro un de Chamberpresident Claude Wiseler schreiwen déi gréng Deputéiert Sam Tanson an Djuna Bernard: De Premier Luc Frieden wier bis elo net an d'Chamber komm fir de Point iwwert d'Verhandlunge mat de Sozialpartner ze maachen. Well déi nächst Verhandlunsgronn, déi fir den 3. September annoncéiert gouf, nach wäit ewech wier, géifen Déi Gréng insistéieren, datt d‘Chamber iwwert déi lafend Diskussiounen an d‘Iwwerleeunge vun der Regierung um Lafende gehale gëtt.