Ënner anerem soll nei definéiert ginn, datt de verschäerfte Platzverweis fir den "Ordre public" suerge soll, an net méi - wéi et bis elo formuléiert war - fir d’Rou, d’Hygiène an d’Sécherheet am ëffentleche Raum.
Weider wier am adaptéierte Gesetzesprojet och keng penal Strof méi virgesinn, huet den CSV-Innenminister erkläert, mee nëmmen nach eng administrativ Strof.
Eng Persoun, déi géint den Ordre public verstéisst, riskéiert nëmmen nach een Openthaltsverbuet vu 15 Deeg amplaz vun 30 Deeg, wéi de Gesetzesprojet et bis elo virgesinn hat.
Léon Gloden fënnt net, datt hien zeréckruddert
An och den Avis vum Gemengesyndikat SYVICOL gouf Rechnung gedroen, esou datt d’Buergermeeschter:inne bei den Interventioune keng Roll méi solle spillen, mee nëmmen nach d’Police.
A sengen Ae géifen dës Upassungen net bedeiten, datt hien zeréckgeruddert wier, mengt den Inneminister Léon Gloden. D’Regierung géif och weider un engem verschäerfte Platzverweis festhalen.
"Ech sinn net zeréckgeruddert, well d'Quintessenz vum Projet de loi iwwer de Platzverweis renforcée ass, fir op ee punktuellen Incident, eng punktuell Moossnam ze huelen. An dat bleift ganz kloer."
déi gréng geheie Gloden Trumpismus vir
D’Oppositiounsparteie begréissen allgemeng d’Amendementer. An den Ae vun der LSAP wier dëse Projet trotzdeem nach ze repressiv, esou den LSAP-Deputéierten Dan Biancalana. Dofir hätt ee sech enthalen.
déi gréng ginn do souguer nach ee Schrëtt méi wäit. Den Deputéierte Meris Sehovic geheit dem Léon Gloden Trumpismus vir:
“Hie probéiert esou restriktiv wéi méiglech ze sinn an da kuckt hien, wéi wäit hie kënnt, an hie gëtt ëmmer erëm agefaangen. Gott sei Dank hu mir zu Lëtzebuerg e fonctionnéierende Rechtsstaat an e Conseil d'État, dee seng Aarbecht mécht, an dat eeben esou wäit ageschränkt huet. "
Als Parlament géif ee weider "um Ball bleiwen", fir ze verhënneren, datt een en "total securitäre Staat" gëtt.
ADR: Esou séier wéi méiglech stëmmen a kucken, ob et fonctionéiert
Allgemeng stoungen an den Ae vun LSAP an déi gréng och nach ëmmer vill Froen op: D’Notioun vum "Ordre public" zum Beispill wier nach ëmmer net ganz kloer genuch. Dat heescht, bei wéi engem Verhale genee d’Police elo agräife soll oder och net.
Der ADR no sollt een de Projet esou séier wéi méiglech stëmmen a kucken, wéi en um Terrain fonctionéiert, esou den ADR-Deputéierten Tom Weidig.
"An dann, wann et net fonctionéiert, wann eventuell och Rechter méi ageschränkt ginn an et fonctionéiert net, da solle mir nees séier dat änneren."
Um Enn vun der Kommissioun goufen d’Amendementer dann ugeholl.