arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Gesetzesprojet iwwer Informatiounszougang fir Journalist:innen ass um Instanzewee

Neijoerschreceptioun

|
headphones

2 min

Gesetzesprojet iwwer Informatiounszougang fir Journalist:innen ass um Instanzewee

De Generalsekretär vum Presserot Roger Infalt hat a senger Ried drop higewisen, datt hie scho virun 20 Joer esou e Gesetz gefuerdert hat, mat deem de Journalist:innen e Recht op Informatioun garantéiert gëtt.

headphones

2 min

© Eric Ewald
(Foto: Eric Ewald)

Fir den CSV-Premier a Medieminister Luc Frieden wier et evident, datt d'Press hir Aarbecht misst kënne maachen, an dowéinst och Accès zu enger Rei Informatioune bréicht. 

"Elo muss dat selbstverständlech en organiséierten Accès sinn, well jiddereen huet seng Roll. An de Journalist sëtzt jo net am Büro vun deem, deen en Dossier geschafft, mee fir d'politesch Entscheedung kënnen ze begleeden, kënnen ze kommentéieren, kënnen ze kritiséieren, brauch en natierlech eng Rei vun Donnéeën, déi de Stat oder anerer huet."

Dofir géif hie mengen, datt Transparenz an Accessibilitéit een Deel vun der Demokratie wieren, esou nach de Premier. Déi delegéiert Medieministesch Elisabeth Margue sot iwwerdeems, datt den amendéierte Gesetzestext zum Informatiounszougang am Staatsrot léich.

SLAPP-Direktiv soll ëmgesat ginn 

De Luc Frieden huet donieft nach ervirgehuewen, datt d’Press haut zum Deel eng aner Roll hätt wéi an der Vergaangenheet, duerch d’sozial Medien.

Donieft war et d’Annonce, datt déi sougenannt SLAPP-Direktiv ëmgesat gëtt. Dobäi geet et ënner anerem ëm Kloe géint Journalisten, fir si ze intimidéieren. 

Méi wéi d'Direktiv

Dobäi wier een esouguer méi wäit gaangen wéi d'Direktiv et virginn hätt, esou d'Elisabeth Margue. 

"... well déi Direktiv huet eigentlech virgesinn, datt all déi Garantien, déi an deem Text virgesi sinn, sech applizéieren op transfrontalier Litigen. Mir hunn awer gemengt, datt een déi och misst applizéieren op Litigen, déi ganz eleng national sinn." 

Leschte Freideg am Regierungsrot hätt een den Text ofgeseent. 

"Wat heescht dat an der Praxis? Datt, wa mer an enger zivilrechtlecher Klo sinn, d'Geriicht kann eng Kautioun ordonéieren. D.h. ier d'Affär weidergeet, muss den Demandeur eng gewëss Zomm Suen op den Dësch leeën. Et ass och méiglech, eng Affär relativ schnell zréckzeweisen, wa se manifestement infondée ass. An et renverséiert och d'Charge de la preuve. D.h. deen, deen Demandeur ass, muss eigentlech beweisen, dass seng Affär fondéiert ass."

Et wier och eng Geldstrof fir den Demandeur méiglech, sou d’Elisabeth Margue, fir déi den entspriechende Gesetztext dëst Joer duerch d’Chamber goe sollt.