Zil wier et géint Kriminalitéit virzegoen. Zum Beispill bei geklaute Gefierer, verschwonne Persounen oder dem Drogenhandel.
Duerch de System kéint d‘Police d‘Plackennummer vun de Gefierer, déi hei am Land op de Stroossen ënnerwee sinn, enregistréieren a mat enger nationaler an internationaler Datebank vergläichen.
Keng Infraktioune vum Code de la Route erfaasst
Donieft géif och eng Foto vum Fuerer oder vun der Fuererin a vum Bäifuerer oder Bäifuererin vum Auto gemaach a fir 28 Deeg gespäichert ginn. Et géif een doduerch awer keen "Iwwerwaachungsstaat schafen, mee d‘Sécherheet verstäerken“, esou de Léon Gloden.
Dofir hätt een sech och, anescht wéi d’Belsch zum Beispill, dogéint entscheet fir mam neie System och Infraktioune vum Code de la Route ze erfaassen. Dofir géifen déi normal Moyene vun der Police, fir ze kontrolléieren, och duergoen, esou den Inneminister.
Piraten: Bedenke wat Späichere vu Fotoen ugeet
Och an der Chamber gouf de Gesetzesprojet presentéiert. Bei den Deputéiert gouf et virun allem Bedenke wéinst dem Dateschutz.
Dee wier net prinzipiell am Gesetzesprojet verankert an dat géif Froen opwerfen, esou den Deputéierte vun de Pirate Marc Goergen. Ëmmerhi géife mat der Zäit eng ganz Rei vun Donnéeën iwwer Automobiliste gesammelt ginn. Wa just d'Plackennummer enregistréiert géif ginn, hätt ee manner Bedenke gehat, esou de Marc Georgen.
Krittesch wier fir de hien, datt Fotoe vu Leit fir 28 Deeg gespäichert ginn, déi näischt gemaach hätten.
"A wann dir all Dag fuert, sidd der a sech illimitéiert herno dran, well der all Kéier se rëm nei Fotoe produzéiert. An dat ass fir eis awer eng risegrouss Iwwerwaachung vun eise Stroossen."
déi gréng: Manktem u Garantië fir d'Rechter ze schützen
De Projet de loi gesäit keng Proportionalitéite vun de Moyene vir, et gëtt och keen Ënnerscheed gemaach tëschent dem Fotograféiere vu Placken, a vu Persounen. Bei anere sensibele Gesetzesprojete wier dat méi kloer gereegelt, sou de Meris Sehovic vun déi gréng.
Fir hie feele Garantien, fir d'Grondrecht vu Bierger:innen ze schützen. Dat wier zum Beispill am Visupolsgesetz, iwwer d'Videoiwwerwaachung am ëffentleche Raum, anescht.
Punktuell Changementer u Gesetzesprojet ze erwaarden
De Gesetzestext géif wäit goen a wier konsequent, sou den Tom Weidig vun der ADR. Dee fäert allerdéngs dat esou ee Projet kéint zu onkontrolléierter Iwwerwaachung féieren.
Och den CSV-Deputéierte Laurent Mosar hat an dem Kontext Bedenken. Notamment wat d'Benotze vun Donnéeë bei Infraktioune vum Code de la route ugeet. Dat soll awer net gemaach ginn.
Wéinst de Bedenken an der zoustänneger Chamberkommissioun ass dovun auszegoen, datt an den nächste Méint nach punktuell Changementer um Gesetzesprojet vum Léon Gloden ze erwaarde sinn.