Radioen

On air

9 bis 1  |  Dina Ögon - Det Läcker

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ "Geschichtsfälscherei" oder just ee grousst Mëssverständnis?

Roll vun de Gewerkschaften

"Geschichtsfälscherei" oder just ee grousst Mëssverständnis?

Huet den Aarbechtsminister Georges Mischo seng Meenung zur exklusiver Roll vun de Gewerkschafte bei de Kollektivvertragsverhandlunge geännert oder net? De Minister schwätzt vun engem Mëssverständnis a kann d'Reaktioun vun de Gewerkschaften net verstoen. D'Nora Back wërft dem CSV-Minister "Geschichtsfälscherei" vir.

auto_stories

4 min

headphones

7 min

Georges Mischo an Nora Back | © radio 100,7 play_arrow
Fotoen: radio 100,7

Den Aarbechtsminister Georges Mischo ass net iwwerrascht iwwer d’Ausso vun der Carole Hartmann, déi e Freideg am 100,7-Interview sot, datt der DP no d‘Gewerkschaften hir exklusiv Roll bei Kollektivvertragsverhandlunge behale mussen. Virun e puer Méint hat den CSV-Minister dat nach a Fro gestallt.

Datt d’Gewerkschaften hiert exklusiivt Recht bei de Kollektivverträg an och d’Signatursrecht bäibehalen, dat wier dem CSV-Aarbechtsminister Georges Mischo no evident. Dat wier och seng an dem Premier Luc Frieden seng Meenung.

Georges Mischo: Situatioun ass "eskaléiert"

Dobäi war de Minister am Comité permanent du travail et de l’emploi nach op enger anerer Schinn ënnerwee. Oder awer net? De Georges Mischo behaapt am 100,7-Interview, datt dat nämlech ni esou war.

“Wat ech ëmmer soen, datt ganz vill Leit iwwer dee CPTE vum 8. Oktober schwätzen, obwuel si net derbäi waren. Et war esou, datt mir eeben iwwer de Plan d'action do geschwat hunn. An do hunn d'Gewerkschafte mech déi ganzen Zäit opgefuerdert, eng Ausso zum exklusive Recht ze maachen. An ech hu gesot, ech wéilt just iwwer de Plan d'action schwätzen, an net iwwer d’Kollektivverträg.”

Dono wier d’Situatioun “eskaléiert”, esou de Minister am 100,7-Interview. Et hätt een doropshin nach eng Kéier an der Regierung ënnerenee geschwat – an och mam Premier – an et wier kloer, datt dat exklusiivt Recht bäibehale gëtt.

Déi ganz Diskussioun war am Endeffekt also iwwerflësseg, sou de Georges Mischo, deen d’Reaktioun vun de Gewerkschaften dofir och net versteet.

“Also dofir hunn ech et och elo net verstane gehat, datt zu deem Moment d'Gewerkschaften esou béis gi sinn.”

"Hie sot: Nee"

D’OGBL-Presidentin Nora Back schwätzt an hirer Reaktioun vu “Geschichtsverfälschung”. Et wier nämlech net esou gelaf, wéi de Georges Mischo dat seet, behaapt d’Gewerkschaftlerin.

“Mir hu jo dee ganze Buttek just, well den Aarbechtsminister eis ëmmer erëm widderholl huet, datt hien eis dat Exklusivitéitsrecht net ka garantéieren. Dat war de Sträit am CPTE. Sou ass et lass gaangen.”

Si selwer an de Patrick Dury vum LCGB hätte “fënnef, sechs, siwe Mol” gefrot, ob de Minister dat Recht garantéiere kéint. “An hie sot: Nee”, esou d’Nora Back. Doropshin hätten d’Gewerkschafte reagéiert. Dobäi kéim, datt de Georges Mischo nach an Interviewen nom Treffe selwer gesot hätt, datt hien dee Punkt wéilt oploossen.

Den Debat huet et och bis an d’Chamberkommissioun gepackt.

“Do gouf et eng Motioun vum Djuna Bernard, déi proposéiert huet, datt d’Regierung an der Motioun kéinten unhuelen, datt d'Exklusivitéitsrecht vun de Verhandlunge vum Kollektivvertrag bei de Gewerkschafte bleift, fir datt deen Zoff dann op der Säit wier. An déi zwou Majoritéitsparteien hunn déi Motioun net ugeholl wéinst dem Wuert ‘Exklusivitéit’.”

Nora Back hofft op ee konstruktive Sozialdialog

Sou gesi wier och d’DP a Kontradiktioun mat hiren eegene Wierder. Wat der Demokratescher Partei hir Positioun am Ufank war, kéint d’Nora Back awer net soen, well si sech net mat hinnen ënnerhalen hätt. Si wier jiddefalls frou gewiescht, wéi si d’Aussoe vun der Carole Hartmann héieren hätt.

“Dann ass et vläicht e Revirement op enger Positioun, wat jo och gutt ass a wat jo dierf sinn an ëmmer soll sinn, datt ee vläicht erëm seng Meenung zu eppes ännert.”

Ob a firwat de Georges Mischo seng Meenung lo geännert hätt (oder och net), wier am Endeffekt och lo egal, seet d’Nora Back. D’Haaptsaach wier, datt ee sech op dësem wichtege Punkt vum Sozialdialog anscheinend jo dann awer eens wier. Si hofft elo nees op ee konstruktive Sozialdialog an dorop, datt een d’Kollektivvertragsgesetz “endlech verbesseren” kéint.

  Lauschterenplay_arrow