arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Geschäft mat Sammele vun ale Kleeder: Zwee gréisst Akteure struewelen

National

|
headphones

1 min

Geschäft mat Sammele vun ale Kleeder: Zwee gréisst Akteure struewelen

D’ASBL Aide aux Enfants Handicapés kritiséiert d‘Virgoensweis vu Kolping Lëtzebuerg, déi decidéiert hunn, sech ab dem 31. Januar aus der Kleedersammlung per Container zeréckzezéien.

headphones

1 min

© Kolping Lëtzebuerg
(Foto: Kolping Lëtzebuerg)

De Grond fir dës Entscheedung wier, datt d’Geschäft mat den ale Kleeder ëmmer manner rentabel wier, esou d’Presidentin vu Kolping Lëtzebuerg d’Marie-Jeanne Brauch-Klein am Lëtzebuerger Wort um Méindeg de Moien.

D’Sous-Traitaë vu Kolping Lëtzebuerg wéilten d’Container awer weiderhin eidel maachen. Den zweet gréisste Kollekter Aide aux Enfants Handicapés wier vu Kolping Lëtzebuerg viru Fait Accomplie gestallt ginn, esou hir General Sekretärin Martine Biewer-Rollingen.

Sech aus dem Container-Geschäft eraus ze zéien, a mat der Kleedersammlung awer weiderhi wëllen d’Kiischt um Kuch ze kréien, fënnt si net richteg. 

Hier Organisatioun mécht dëst Joer keng Kleedersammlung vun Haus zu Haus.