Elo wéilt ee sech mat den europäesche Partneren ofstëmmen, gouf ugekënnegt.
Froen zu Europa an Nato solle separat diskutéiert ginn
Den US-Ausseminister Marco Rubio huet zu Genf vun “enorme Fortschrëtter” geschwat, ouni Detailer ze nennen. Och den däitschen Ausseminister Johann Wadephul gesäit Fortschrëtter bei den Efforte fir ee Friddensplang.
All Froen, déi Europa an d’Nato betreffen, wieren aus dem Plang erausgeholl ginn. Dës Theme solle separat behandelt ginn, esou de Rubio.
Een Nato-Bäitrëtt vun der Ukrain soll net méi explizit ausgeschloss sinn, schreift d’Noriichtenagence DPA op Basis vun europäeschen Ännerungsvirschléi. Agefruerent russescht Staatsverméige soll nëmmen da fräigi ginn, wa Russland fir Krichsschued bezuelt. Donieft soll et keng de facto Unerkennung vun ukrainesche Gebitter ginn, déi Russland ageholl huet.
Lëtzebuerger Premier bei de Gespréicher dobäi
Europäesch Staats- a Regierungscheffe wollten um Bord vum EU-Afrika-Sommet an Angola diskutéieren, wéi mam Friddensplang soll ëmgaange ginn. Och de Lëtzebuerger Premier Luc Frieden ass op dësem Sommet.
Final Decisiounen zum neie Plang fir de Krich an der Ukrain op een Enn ze bréngen, sollen d’Presidente vun den USA a vun der Ukrain huelen, huet et an enger gemeinsamer Deklaratioun vu béide Säite geheescht.
Ouni Zoustëmmung vum russesche President kéint et awer kee Fridde ginn, notéiert d’Agence DPA.