Den 28 Joer ale Fussball-Nationalspiller war ugeklot wéinst Kierperverletzung an 3 Fäll, tëscht Mäerz 2019 an November 2022, a wéinst Beleidegung vu Polizisten.
Ënner anerem gëtt dem Stiermer virgeworf seng Ex-Frëndin geschloen ze hunn. 3 vun den Affer kruten am Ganzen eppes iwwer 2.600 Euro Schuedenersatz a fir d’Affekotekäschten zougesprach.
Wat e véierte Mann ugeet, gouf en Expert genannt, fir deem säi Schued festzestellen.