D‘Riichterin huet der Defense Recht ginn, an de 66 Joer alen Acteur konnt d‘Geriicht als fräie Mann verloossen. Et goung am Prozess ëm d‘Fro op den Alec Baldwin 2021 beim déidleche Schoss um Filmset vum Western Rust fahrlässig gehandelt hat an dowéinst misst an de Prisong. Hien hat bei Prouwe mat engem Revolver hantéiert, amplaz vu Platzpatroune gouf awer schaarf Munitioun ofgeschoss. Déi 42 Joer al Halyna Hutchins gouf dobäi déidlech blesséiert.
arrow_back_ios
Noriichten
Noriichten
/ Geriichtsaffair rondrëm den Alec Baldwin gouf klasséiert
Schauspiller
Geriichtsaffair rondrëm den Alec Baldwin gouf klasséiert
An den USA gouf de Prozess ronderëm de Schauspiller Alec Baldwin wéinst homicide involontaire elo iwwerraschend klasséiert. Seng Affekoten haten dem Parquet reprochéiert, wichtegt Beweismaterial virenthalen ze hunn.
auto_stories
1 min