Bis elo hat den Donald Trump schonn de Militär zu Los Angeles an zu Washington agesat. Den Asaz zu Portland hat hie mat de Protester géint d‘Immigratiounsautoritéit ICE begrënnt.
Trump accordéiert Asaz vun der Nationalgard a Chicago
De Sträit tëschent dem Donald Trump senger Regierung an dem demokratesch regéierte Bundesstaat Illinois iwwer den Asaz vun der Nationalgard a Chicago dreet ze eskaléieren. Elo mellen US-Medien, datt d’Wäisst Haus confirméiert hätt, datt de President Trump den Asaz elo accordéiert hätt.
D‘Oppositioun gehait dem US-President fir, datt den Ausmooss u Kriminalitéit deen doduerch entsteet ze grouss wier, fir op déi Manéier den ëmmer méi autoritäre Regierungsstil ze rechtfertegen.