Radioen

On air

Mëttesrascht  |  Teddy Swims - Bad Dreams

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Ex-Gemengenaarbechter vu Conter dierf net nees an d'Personal reintegréiert ginn

Aarbechtsgeriicht

Ex-Gemengenaarbechter vu Conter dierf net nees an d'Personal reintegréiert ginn

D‘Aarbechtsgeriicht huet sech a Saachen Entloossung vun engem Mataarbechter vun der Gemeng Conter prononcéiert. D’Riichterin huet d’Requête en annulation vum fréiere Mataarbechter, datt säi Licenciement sollt annuléiert ginn, net guttgeheescht. Och seng Demande fir nees an d’Personal reintegréiert ze ginn gouf vun der Riichterin verworf.

auto_stories

2 min

An senger Requête hat den Affekot vum Ex-Mataarbechter, den Alex Penning, ënner anerem argumentéiert, datt de Mataarbechter wéinst senger Denonciatioun vun engem Fall vu Mobbing entlooss gouf. D’Riichterin huet an hirer Ordonnance awer zeréckbehalen, datt de Mataarbechter dee Lien net konnt beweisen. 

Kee Jugement quand au fond

De fréiere Mataarbechter muss iwwerdeems der Gemeng Conter eng Indemnitéit vun 2.500 Euro bezuelen, grad ewéi d’Geriichtskäschten iwwerhuelen. Den Affekot Alex Penning wäert géint déi Decisioun an Appell goen.

"Mir maachen op jidde Fall Appell géint déi Ordonnanz do, a mir maachen och le moment venu parallel dann och eng Affär um Fong, wou mir dann op Schuedenersatz kloen, an och engersäits wéinst dem Licenciement, an anerersäits wéinst dem Mobbing."

Lauschterenplay_arrow

Déi Ordonnance ass awer kee Jugement quand au fond - dat heescht, wou et ëm d'Entloossung u sech geet. Deemno wéi et am Appell ausgeet, wéilt den Affekot an enger weiderer Etapp d’Aarbechtsgeriicht saiséiere fir iwwer d’Entloossung u sech ze jugéieren.

D'Buergermeeschtech vu Conter, d'Marion Zovilé-Braquet, huet sech erliichtert gewisen.

"Ech mengen, et ass eng ganz grouss Erliichterung, net nëmme fir mech selwer, fir de Schäfferot, mee och fir all eis Mataarbechter, datt dat Urteel esou ausgaangen ass."

Lauschterenplay_arrow