arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Geriicht: Keng Strof fir 112-Operateur nom Doud vun enger Fra

Justiz

|
reading time

1 min

Geriicht: Keng Strof fir 112-Operateur nom Doud vun enger Fra

Am Prozess géint en Operateur vum 112 huet d'Stater Geriicht festgehalen, datt am Ëmgang mat engem Noutruff Feeler geschitt sinn. De Mann gouf awer net verurteelt. De Parquet hat him ënnerloossen Hëllef virgeworf an eng Prisongsstrof mat Sursis gefuerdert.

reading time

1 min

Geriicht | © Eric Ewald
(Foto: Eric Ewald)

De Parquet hat wéinst ënnerloossen Hëllef ee Joer Prisong mat Sursis an eng ugemoosse Geldstrof fir deen 39 Joer ale Mann verlaangt.

Noutruff no Iwwerdosis Medikamenter

De Fall geet op zwee Joer zeréck. Eng deemools 41 Joer al Fra hat den 112 geruff a matgedeelt, datt si ze vill Medikamenter geholl hätt. Si hat dobäi och gesot, datt den Owend schlecht ausgoe géif, wa si esou weiderfuere géif. Trotz deem Noutruff gouf keng Ambulanz geschéckt.

Fra véier Deeg méi spéit dout fonnt

Véier Deeg nom Noutruff ass d'Fra dout fonnt ginn. De Parquet hat dowéinst eng Verurteelung vum 112-Operateur wéinst ënnerloossen Hëllef gefuerdert.