arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Gerassene Kabel wier Ursaach fir Accident

Éischt Conclusiounen

|
headphones

2 min

Gerassene Kabel wier Ursaach fir Accident

Um Samschdegowend goufen déi éischt Conclusiounen aus der Enquête ronderëm den Accident vum Funiculaire zu Lissabon ëffentlech gemaach. Aus dem Rapport geet ervir, datt ee Kabel gerass wier, deen déi zwee Funiculaire matenee verbënnt. Vill Froe bleiwen nach op.

headphones

2 min

Eng Foto vum Elevador da Glória aus dem Joer 2024 | © picture alliance / Zoonar | imagoDens
Eng Foto vum Elevador da Glória aus dem Joer 2024 (Foto: picture alliance / Zoonar | imagoDens)

Aus dem Rapport vum Büro fir d’Präventioun an d’Ënnersichung vu Flug- an Eisebunnsaccidenter (GPIAAF) geet ervir, datt sech d’Seel vun der Kabinn geléist hätt. Wisou awer d’Bremsen de Funiculaire net stoppe konnten, bléift onkloer. 

Kabel war an der Hallschent vu sengem Liewen

Déi technesch Sécherheetskontrolle wieren den Enquêteuren no normal duerchgefouert ginn. Fir de Problem um Kabel ze gesinn, hätt ee missten de System demontéieren, wat am Iwwerwaachungsprogramm reegelméisseg geplangt wier. 

Déi normal Notzungsdauer vun esou engem Kabel géif bei 600 Deeg leien. An e wier aktuell zënter 337 Deeg am Asaz. Den Direkter vum GPIAAF huet matgedeelt, datt een en ausféierleche Rapport bannent vu 45 Deeg wéilt virleeën – ee komplette Rapport dann an engem Joer.

3 Millioune Passagéier pro Joer

Den "Elevador da Glória" ass eng vun de berüümtsten Touristenattraktiounen zu Lissabon an och d’Leit déi do wunne benotzen de Funiculaire reegelméisseg.

Pro Joer transportéiert de Funiculaire ronn dräi Millioune Passagéier.

De Funiculaire zu Lissabon war um Mëttwochowend ongebremst mat ronn 60 Kilometer an der Stonn géint e Gebai gerannt. Beim Ongléck si 16 Mënsche gestuerwen, 21 goufen der blesséiert. Ënnert den Affer ware fënnef Portugisen, dräi Englänner, zwee Kanadier, zwee Südkoreaner a jee een Doudesaffer aus der Schwäiz, der Ukrain, Frankräich an den USA.

Déi lokal Police hat matgedeelt, datt et nach ni esou een Accident zu Lissabon ginn hätt.