De Gérard Depardieu kéint aus gesondheetleche Grënn net derbäi sinn. Hie géif dofir froen, den Optakt vum Prozess op e spéideren Datum ze verleeën. De Gérard Depardieu ass an dësem Fall ugeklot wéinst sexueller Aggressioun géint zwou Frae wärend engem Filmtournage am Joer 2021. Hien dementéiert d‘Virwërf.
arrow_back_ios
Noriichten
Noriichten
/ Gérard Depardieu verpasst krankheetsbedéngt den Optakt vu sengem Prozess
Prozess wéinst sexueller Aggressioun
Gérard Depardieu verpasst krankheetsbedéngt den Optakt vu sengem Prozess
De franséische Schauspiller Gérard Depardieu wäert haut um Méindeg net beim Optakt vu sengem Prozess zu Paräis wéinst sexueller Aggressioun un zwou Fraen derbäi sinn. Dat huet säin Affekot kuerz virum Optakt vum Prozess de Moien op France info matgedeelt.
auto_stories
1 min
Foto: picture alliance