Moskau hätt d‘USA informéiert, datt Russland u senge Maximalfuerderunge géif festhalen, esou d‘Noriichtenagence Reuters. Den Donald Trump hat d‘lescht Woch gesot, hie géif de Wladimir Putin bannent zwou Wochen zu Budapest begéinen.
Nieft deem Treffen gouf och eng geplangte Reunioun vum US-Ausseminister Marco Rubio a russeschem Ausseminister Sergeij Lawrow ofgesot.
Fir iwwer d‘Beméiunge fir Fridden an der Ukrain ze schwätzen, reest den NATO-Generalsekretär Mark Rutte haut um Mëttwoch op Washington fir en Treffe mam Donald Trump. Dat huet d‘NATO um Dënschdeg ugekënnegt.
Russland huet op d'mannst véier ballistesch Rakéiten op Kiew geschoss
An der ukrainescher Haaptstad Kiew wieren op d‘mannst zwou Persoune bei weidere russeschen Attacken ëm d‘Liewe komm. Dat mellt d‘Militär-Verwaltung vun der ukrainescher Haaptstad. Russland hätt op d‘mannst véier ballistesch Rakéiten op Kiew geschoss.
Am südlechen Deel vu Kiew hätt et e grousst Feier ginn, an aneren Deler vun der Stad wiere Stécker vu russesche Rakéiten erofgefall, déi vun der ukrainescher Loftofwier ofgeschoss goufen.