Am Parlament zu Tiflis soll definitiv iwwer d‘Gesetz ofgestëmmt ginn. D‘Kritiker fäerten awer, datt d‘Regierung d‘Gesetz notze wëll, fir nom russesche Modell Oppositioun a Kritik a Georgien ze ënnerdrécken. Si soen och, d‘Gesetz wier kontraproduktiv fir den ugestrieften EU-Bäitrëtt vu Georgien.
Och d‘EU huet déi georgesch Regierung opgefuerdert, d‘Gesetz zeréckzezéien. Der däitscher Noriichtenagence no hätten eng Dosen EU-Ausseministeren dem EU-Chefdiplomat Josep Borell an dem zoustännege Kommissär Oliver Varhelyi e Bréif geschéckt, fir vun hinnen eng Stellungnam ze fuerderen, iwwert d‘Konsequenzen, déi dat geplangtent Gesetz op den EU-Bäitrëttsprozess vu Georgie kéint hunn.
Eisen Informatioun no huet Lëtzebuerg dee Bréif net mat ënnerschriwwen.