Radioen

On air

Concert  |  Zwee tschechesch Komponisten

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Georgien: Presidentin refuséiert anti-LGBTQIA+ Gesetzt ze ënnerschreiwen

EU-Bäitrëttskandidat

Georgien: Presidentin refuséiert anti-LGBTQIA+ Gesetzt ze ënnerschreiwen

A Georgien huet d‘Presidentin refuséiert, dat neit anti-LGBTQIA+-Gesetz ze ënnerschreiwen. Dat Gesetz gouf vun der äerzkonservative Regierung zu Tiflis viru 14 Deeg gestëmmt, et soll d‘Rechter vun de LGBTQIA+-Persoune staark limitéieren.

auto_stories

1 min

© European Union 2023
Foto: European Union 2023

Zum Beispill kéinte gläichgeschlechtlech Bestietnisser oder och medezinesch Agrëffer fir Geschlechtsännerunge verbuede ginn, och Pride-Evenementer an Demonstratiounen dierfte verbuede ginn, Bicher a Filmer zum Theema kéinten zenséiert ginn. D‘Parlament wéilt mat deem Gesetz Mannerjäreger schützen, sou d‘Argumentatioun.

Datt déi pro-europäesch Presidentin Salomé Zourabichvili elo refuséiert, d‘Gesetz z‘ënnerschreiwen ass en Eclat am EU-Bäitrëttsland Georgien. D‘Gesetz dierft awer a Kraaft trieden, well de President vum Parlament d‘Recht huet e Gesetz an sou engem Fall, eleng z‘ënnerschreiwen.