arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Gewerkschaften halen un CPTE-Boykott fest

Plattformaarbecht

|
headphones

1 min

Gewerkschaften halen un CPTE-Boykott fest

D’Unioun vun de Gewerkschaften bleift dobäi: si wäerten net un de Reuniounen am Comité permanent du travail et de l’emploi (CPTE) deelhuelen. Dat huet d’OGBL-Presidentin Nora Back nach eemol betount.

headphones

1 min

Den Aarbechtsminister Georges Mischo (CSV)
Den Aarbechtsminister Georges Mischo (CSV)

Ausléiser ass dem Aarbechtsminister Georges Mischo seng Ukënnegung, datt just am CPTE iwwert d’Plattformaarbecht soll diskutéiert ginn. Am 100,7-Interview hat de CSV-Minister gesot, bilateral Gespréicher wéil hien nëmmen iwwer d’organisation du temps de travail féieren. Aner Sujeten – dorënner d’Plattformaarbecht – géifen exklusiv am CPTE thematiséiert ginn. Hie wéilt domat d’Sozialpartner nees zesummebréngen, fir Spannungen aus dem Wee ze raumen an de Sozialdialog héichzehalen.

Domat konfrontéiert huet d’Nora Back confirméiert, datt den OGBL an den LCGB bis op Weideres net am CPTE deelhuelen – onofhängeg vum Sujet. Si sot, d’Gewerkschafte géife „als Alibi benotzt, fir sozial Ofbau ze bedreiwen“. Datt den Aarbechtsminister keng bilateral Gespréicher iwwert d’Plattformaarbecht wëll féieren, kéint si net akzeptéieren.

„D’Spannunge si grouss zwëschent de Gewerkschaften an der Regierung“, esou d’OGBL-Cheffin. Et wier ubruecht, d’Gespréicher opzemaachen an ze entspanen. Sollt dat net geléngen, wieren déi üblech gewerkschaftlech Methode den nächste Schrëtt.

Den Aarbechtsminister Georges Mischo huet ugekënnegt, Enn Oktober éischt bilateral Reuniounen mam Patronat respektiv de Gewerkschaften zum Thema Aarbechtszäitorganisatioun ofzehalen.