Den Aarbechtsminister hat wuel an engem Interview am August preziséiert, hie wier prett fir Diskussioune mat de Sozialpartner ze féieren, sollt et dann Handlungsbedarf gi fir um Congé Collectif eppes ze änneren. Hien hätt awer ni gesot, datt hien eng Reform wéilt an d'Weeër leeën, esou de Georges Mischo.
Souwisou wier de Congé Collectif net an de Kompetenze vun der Regierung, esou nach de Minister.