De Marc Hansen ersetzt an der Chamber de Fernand Etgen, dee säin Deputéierte-Mandat Enn vum leschte Joer opginn hat. De Marc Hansen war vun 2018 bis 2023 Minister fir d'Fonction Publique an delegéierte Minister fir d'Digitaliséierung, a bis 2018 ënnert anerem Logementsminister.
Donieft gouf um Krautmaart un den LSAP-Politiker Robert Goebbels erënnert, deen haut viru 14 Deeg mat 81 Joer gestuerwe war. De Robert Goebbels wier eng “markant Perséinlechkeet” gewiescht, mat enger “impressionanter politescher Carrière”, esou de Chamberpresident Claude Wiseler.