Radioen

On air

9 bis 1  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Georges Mischo: Sportsveräiner musse méi gestäerkt ginn

Sport

Georges Mischo: Sportsveräiner musse méi gestäerkt ginn

2023 gouf et nach 55 Sportfederatiounen hei am Land, 1.300 Veräiner a ronn 137.000 lizenzéiert Sportler:innen. Am Verglach mat 2015 waren dat zwar manner Clibb, dofir awer bal 11.000 méi Sportler:innen.

auto_stories

1 min

Dat geet aus enger Äntwert vum zoustännege Minister Georges Mischo op eng deementspriechend Fro vum Sven Clement, Deputéierte vun der Piratepartei ervir. Ze erkläre fir den Zouwuess u Lizenzen duerch den demografesche Wandel.

Allerdéngs wier den Taux op d‘Awunnerzuel gekuckt vun 22,4 op 20,7 Prozent gefall. Eng Entwécklung, déi dem Sportminister net gefält. Dofir et ëmsou méi wichteg, fir d‘Veräiner ze stäerken an de Leit de Wee an d‘Clibb zeréck ze weisen.