Radioen

On air

Notturno  |  Tim Bernardes - Mistificar

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Generéis bis an de Kär

Album vun der Woch

Generéis bis an de Kär

D’Meshell Ndegeocello ass Joergang 1968 a Bassistin zënter de spéiden 80er, wou si mat hirer androgynner Persona go-go Funk-Bands onsécher gemaach huet, a fir d’Madonna an den Tupac gespillt huet. Iwwert d’Joren hu feministesch an gender-spezifesch Thematiken déi bisexuell Musekerin zu enger musikalescher Aktivistin gemaach. Elo koum en neien Album raus.

auto_stories

4 min

headphones

6 min

play_arrow

Hiren zweeten Album um Blue-Note-Label “No More Water – The Gospel of James Baldwin” ass en Hommage un ee Virgänger vun hir an dëser Cause, de schwaarzen a schwulen Auteur James Baldwin, deen den 2. August, wou d’Plack erauskoum, 100 Joer al gi wier.

Musek, Literatur, Rap?

Op den éischte Bléck kënnt dës Plack mat hirem laangen Titel éierlech gesot och e bëssen ongelenkeg dohier a mat vill Fanfare. Den 100. Gebuertsdag vun engem Auteur, dee sech a sengem Wierk an a sengem Liewe géint Rassismus a sexuell Duebelmoral agesat huet, besonnesch vun enger Grammy-priméierter Musekerin: Et huet ee scho bal Loscht e puer Blosmuseker ze engagéieren, fir d’Plack an hiert Konzept ze annoncéieren. Mee et ass awer och net fir näischt.

Eng Priedegt mat Ofgrënn, a 4 Akten

Déi éischt vun deene véier Säite vun dësem duebele Vinyl gëtt eis eng Aart Aleedung an de Personnage an d’Wierk vum James Baldwin, an huet eng bal elektresch Atmosphär, intellektuell, mee poppeg. Déi zweet Grupp vu Songs iwwerhëlt d’Fackel vum Baldwin sengem Aktivismus an dréit en an eis Zäit, mat enger erkennbarer Culminatioun um Titel "Pride II", deen e fatzege Gittarsolo huet.

Déi drëtt Säit ass roueg an entwéckelt Momenter vu groussaarteger Schéinheet. Eng Aart liichtend Manifest un d’Léift, déi hiren Héichpunkt am Soul-Song “Love” fënnt. Den Album schléisst of mat méi abenteuerlechem a labberem, ambientem Soul.

Labber Präzisioun

An Terme vun Instrumentatioun sinn nieft deenen zwee Blosinstrumenter och eng Gei, Clavieren, Gittar a Batterie mat um Rendez-vous, wat vill emotional Säiten hiergëtt, un deene gezupft ka ginn. Zentral sinn d’Spoken Words, déi engem direkt an d'Ouer sprangen. Déi kommen iwwregens vum Hilton alias Chin, a sinn aschneidend, ouni awer ze polariséieren, an dat ass essentiel.

Et brauch een och keng Interviewe mat de Kënschtler ze liesen, fir ze héieren, datt d’Protagonistin vun der Plack nëmme mam Numm dës Musek op hire Schëlleren dréit. Richteg Kollaboratioun otemt fir de Rescht an dësen Tracks, wat een un hirer labberer, an dach perfekt jugéierter Manéier spiert.

Wann dës Plack een elo op den James Baldwin a säi Wierk virwëtzeg mécht, dann erreecht se eent vun hiren Ziler. Mee wie war de Mann? Dat heiten ass keng Literaturstonn, also hale mir et kuerz.

Den James Baldwin an 8 Zitater

"Weder Léift nach Angscht maachen ee blann: Gläichgëltegkeet mécht ee blann."

"Een Affer, dat fäeg ass seng Situatioun als Affer ze artikuléieren, huet opgehalen Affer ze sinn: Hien oder hatt ass eng Bedrohung ginn."

"Probéiert w.e.g. Iech ze erënneren, datt dat, wat si gleewen, wat si maachen an dech aushalen doen, seet näischt iwwer deng Inferioritéit, mee eppes iwwer hir Onmënschlechkeet."

"Ee Schwaarzen an dësem Land ze sinn, deen e bëssen eppes matkritt, bedeit permanent um Bord vun der Roserei ze schwiewen."

"Leit, déi behaapten, eppes wier onméiglech, gi meeschtens ënnerbrach vun deene, déi am Gaange sinn, et ze maachen."

"Déi geféierlechst Kreatioun vun all Gesellschaft ass de Mann, deen näischt ze verléieren huet."

"Jiddwerengem seng Rees ass individuell. Wann ee sech an e Jong verléift, verléift ee sech eben an ee Jong. D'Tatsaach, datt vill Amerikaner dëst als eng Krankheet gesinn, seet méi iwwert si aus, wéi iwwer d’Homosexualitéit."

"Et gi scheinbar sou vill Weeër, veruechtenswäert ze sinn, datt engem de Kapp dréint. Mee déi eenzeg wierklech veruechtenswäert Saach, déi ee ka maachen, ass anere Leit hir Péng ze veruechten."

Generéis bis an de Kär

Voilà, stellt Iech eng soul-musikalesch Rees vir duerch d’Leiden, d’Revolt an och den Optimismus, déi hannert dëse Wierder stinn, an dir hutt dës Plack als Resultat. Erliewe muss een et selwer, well dës Priedegt zitt een esou richteg eran, an ass méi faarweg a chaotesch wéi an deene meeschte Reliounen.

Der Meschell hir déif a charaktervoll Stëmm, hiert muskléiert Bassspill, hir kompositoresch Fäegkeet, gefillsvoll a villsäiteg Soul-Musek mat Wierder zu Erfarungen a Geschichten ze verflechten, mécht aus dëser Plack eppes ganz Besonnesches, och wann net all Track op der Rees radiofrëndlech ass.

Fir mech perséinlech eng Plack, no där ech Loscht hunn, de Kënschtlerin Merci ze soen, well si ass einfach generéis ass, a voller Musek a Liewen, bis an de Kär.

Lauschterenplay_arrow