Dee System wier nämlech net gerecht an et géife grouss Ënnerscheeder tëscht de Gemenge ginn.
Dee komplexe Mechanismus géif dozou féieren, datt zanter 2021 manner wéi een Drëttel vun de Gemengen an de Fonds de l‘emploi abezuelen. A verschidde Gemenge géife méi an de Fonds de l‘emploi abezuelen, wéi se missten. Sou Gemenge sinn zum Beispill Wëntger, Wäiswampech, Kiischpelt, d‘Stauséigemeng, Park Housen, Buerschent a Wanseler.
Dofir géif ee Gesetzesprojet ausgeschafft ginn, fir dee System méi gerecht ze maachen, sou den Inneminister a senger Äntwert.