Besonnesch ervirgehuewen huet hien ënner anerem d’Gesetz iwwer de Logement abordabel, an deem vill Fuerderunge vum SYVICOL ëmgesat gi wieren.
An Ëmfroen hätte Gemengepolitiker och de Besoin no méi Formatiounen ausgedréckt, esou den Emile Eicher. Si géifen zwar scho Basis-Formatiounen no de Walen ubidden, mee et misst een dëse Volet nach ausbauen.
"Dat ass ëmmer nëmme just en éischte Schratt fir de Leit emol - besonnesch deenen, déi nei an d'Politik kommen - de Wee ze weisen an iwwerhaapt emol ze wëssen, wat hir Rechter a Flichte sinn."
Gesetzleche Kader fir bei Texter, déi d'Gemenge betreffen, consultéiert ze ginn
De SYVICOL-President huet nach ënnerstrach, wéi wichteg den Austausch tëschent dem Gemengesyndikat an dem Inneministère wier. Dofir misst an engem gesetzleche Kader festgehale ginn, datt de SYVICOL bei all legislativen Texter, déi d’Gemenge betreffen, consultéiert misst ginn.
Dës Fuerderung huet den Emile Eicher gëschter um Dënschdeg direkt un den Inneminister Léon Gloden adresséiert, deen och um Neijoerschpatt op der "Schéiss" um Belair war.