Et wéilt een de Sträit tëscht dem CSV-DP-Schäfferot an der Oppositioun hanner sech loossen an no vir kucken. Sou d‘Conclusioun am éischten Hesper Gemengerot um Freidegmëtteg nom Buergermeeschter Marc Lies senger Paus.
Claude Lamberty: De System huet funktionéiert
Ausléiser fir dee Sträit war d’Affär vun engem Gemengebeamten, dee soll Schaffstonne gefälscht hunn. An der Gemengerotssëtzung koum et zwar zu engem Eclat, bei där Oppositiounsmembere vun der LSAP an de Gréngen de Sall wollte verloossen. Den éischte Schäffe Claude Lamberty vun der DP, huet probéiert, d’Situatioun ze entschäerfen.
"Ech sinn och der Meenung, datt d'Oppositioun keng Feeler gemaach huet, wa se Froe stellt. Ech muss se awer elo enttäuschen, wa se mengen, ech géif soen, d'Majoritéit hätt Feeler gemaach, well och d'Majoritéit huet keng Feeler gemaach. Deen Eenzegen, deen e Feeler gemaach huet, ass ee Beamten."
De System hätt funktionéiert, a sou wier de Skandal opgefall, esou de Claude Lamberty.
Ronn 9.100 Euro Schued
Dee Betraffenen gouf an d’Preretraite geschéckt a muss sech deemnächst viru Geriicht veräntwerten. Déi ronn 144 gefälschte Schaffstonnen hunn der Gemeng eng 9.100 Euro Schued verursaacht, sot de Buergermeeschter Marc Lies.
Fir d’Suen zeréckzekloen huet de Schäffen- a Gemengerot eestëmmeg decidéiert, sech als Partie civile ze constituéieren.