Gemeng Jonglënster ënnerschreift Konventioun fir de Site "um Bichel"
D‘Gemeng Jonglënster huet mam Ministère fir Logement a Landesplanung eng Konventioun ënnerschriwwe, fir e Masterplang fir de Site „um Bichel“ auszeschaffen. Dat ass do wou déi dräi grouss Antenne vun RTL stinn, an d‘Gebailechkeeten, do dozou gehéieren.
Mat Hëllef vum Ministère organiséiert Jonglënster elo en urbanistesche Concours. E Jury soll dann d‘Projeten evaluéieren, déi fir de Concours era kommen.
Et wéilt een déi betraffe Proprietäre matabezéien an eng Biergerparticipatioun assuréieren, heescht et an engem gemeinsame Schreiwes vun der Gemeng Jonglënster an dem zoustännege Ministère.